D'Saison 2015/2016 ass elo eriwwer
Domadder geet och d'Entente Aischdall SKS06 op en Enn.
Ab dem nächste Joer mecht Käerch eng Entente mat Habscht-Äischen,
an di Jongen mat Käercher Lizenz spillen dann zesummen mat Habscht an Äischen.
9 Spiller mat enger Kaercher Lizenz hun en Transfert op Stengefort gemaach, an dat sin:
bei de Pupilles: Barbian Léni an den Dias Da Silva Thiago (transfert définitif)
bei de Poussins: Nukic Dzenan (transfert temporaire)
bei den Minimes: Lorang Jim (transfert temporaire) a Schmit Pol (transfert définitif)
bei de Scolaires: Björnssen Niels an Dias Da Silva Diogo (transfert temporaire)
bei de Cadets: Heinrichs Pierre an Useldinger Glenn (transfert temporaire).
Positiv ze bemierke bleift, dass de Kaercher Comité de Kanner keng Steng an de Wee geluecht huet fir ze wieselen!!
Hei elo wat dir d'Saison 2015/2016 geschafft hut:
Minimes 1 faalen an di 3. Klass erof
Di nächste Saison weise mir hinne wou de Päffer wiest!
Minimes 2 hun hiere läschte Mätch gewonn
a steigen an di 4. Klass erop
En decke Bravo un d'Spiller an un hier Traineren Mus an Dominique
D'Scolaires si Champion a spillen d'nächst Saison an der 2. Klass.
(Biller enner Photoen)
Bravo un d'Jongen an un den Trainer Philippe
Cadets hun hiere läschte Match verluer a faalen an di 4. Klass
A l'attaque pour la saison prochaine avec l'entraîneur Fabian Stéphan
De Bléck an d'Zukunft
D'Entente mat Kaerch ass opgeleist!
Dat bedeit och, dass mir nët mei op Kaerch traineiere gin, an och eis Matcher net mei zu Kaerch gespillt gin.
Eisen Numm waert dann och elo net mei Entente Aischdall SKS06 sin,
Mir sin an Zukunft den: Sporting Club Stengefort.
Wat den Internet-Site ubelaangt, waerte mir den Numm och änneren.
Wei der och schon an der Zeitung konnt liesen, gët elo en syntheteschen Terrain zu Stengefort um Fussballsterrain ugeluegt, do wou elo dee klengen Trainingsterrain ass. Do kënnen dann d’Bambini, d’Pupilles an d’Poussins hier Matcher drop spillen, an et kann och drop traineiert gin.